Subterranean Animism/Story/Reimu and Yukari's Extra/lb

From Touhou Patch Center
< Th11
Revision as of 19:57, 18 May 2013 by FuzzyBot (talk | contribs) (FuzzyBot moved page Subterranean Animism/Story/Reimu and Yukari's Extra/lb to Th11/Reimu and Yukari's Extra/lb without leaving a redirect: Part of translatable page "Subterranean Animism/Story/Reimu and Yukari's Extra".)
Jump to navigation Jump to search


Gnome-colors-gtk-edit.svg st07_00a.msg.jdiff

Extra Stage

Läschten Fernantrieb
Sanae Kochiya enters

Sanae

#2@30Oh, bass de komm, fir de Schräin trotz dem kale Wieder ze besichen?

Sanae

#2@150Hehe, ech hu geléiert, wéi een hei d'Begréissunge mécht.

Sanae

#2@290Du kanns dech net selwer a Gensokyo vum gesonde Mënscheverstand agefaang gelooss ginn, oder?

Sanae Kochiya defeated

Reimu

#0@34Hm, wou ass dës Idiote iwwerhaapt hinn?

#0@42Yu (Ass et OK, Götter Idiote ze nennen? Majo, ech denke schonn.)

Reimu

#0@50Wa dat, wat dee Hällkueb gesot huet, stëmmt, woren all d'Kämpf, di ech hätt misse bestoen, d'Kanako hir Schold.

Reimu

#0@58Wëll hatt och nach den Ënnergrond iwwerhuelen?

Koishi Komeiji enters

???

#0@66Oh, wat fir eng gutt Zäit, fir eng Schräinjongfer ze fannen.

???

#0@134Weess du, wou de Gott vu dësem Schräin higaang ass?

Reimu

#0@142Wat? Ech sichen och grad no hatt.

???

#0@150Eh? Eng Schräinjongfer, di no hirem Gott sicht? Dat ass komesch...

???

#0@158Du misst hatt verstoppt hunn, oder?

Reimu

#0@166Wien bass du?

<Boss title>

Koishi

#0@174Ech sinn d'Koishi Komeiji, ee bescheedene Schräinbesicher.

Koishi

#0@182Ech si de ganze Wee vum Ënnergrond heihi komm, mee ech ka net de Gott vum Schräin fannen...

Reimu

#0@190Komeiji...? Ech denken, datt ech dee Numm scho mol gehéiert hunn.

#0@198Yu (Du hues ën am Palais vun de Äerdgeeschter gehéiert, erënners de dech?)

Koishi

#0@206Du weess vum Palais!?

Reimu

#0@214Ech war do viru kuerzem.

Koishi

#0@222Hey, bass du...

Koishi

#0@230Dee Mënsch, vu deem méng grouss Schwëster erzielt hat?

Reimu

#0@238Ech hu kee gutt Gefill iwwert dat! Eeschtlech.

Koishi

#0@246Méng Schwëster ass relativ staark, mee si gouf vun enger béiser, gedankenloser Schräinjongfra besiegt.

Reimu

#0@254Hey, wann's de d'Satori séng Schwëster bass, heescht dat... Du kanns...

Koishi

#0@262Äer Gedanke liesen?

Koishi

#0@270Ech hu scho mäi Satori-Aan zougemaach.

Koishi

#0@278D'Gedanke vu de Leit ze liesen maache dech depressiv an et kënnt näischt Guddes vu dat.

Reimu

#0@286Oh, Gott sei Dank.

Reimu

#0@294Ma, ech ka weder d'Kanako nach d'Suwako fannen, also denken ech, datt ech wäert-

D'Youkai-Meedche vu Hartmann

Koishi

#0@302Hey, waart eng Minutt!

Koishi

#0@310Ech konnt net d'Götter vum Bierg fannen, mee ech hunn ee gudde Mënsch fonnt.

Koishi

#0@318Ech hat no der staarker Persoun, di d'Okuu d'Kraaft vu de Götter ginn huet, gesicht.

Koishi

#0@326Mee, wann's de d'Okuu besiegt hues, da heescht dat, datt's de nach méi staark bass!

Koishi

#0@334Ech wëll definitiv d'Kraaft vu der Persoun gesinn, di souguer méng Schwëster net kämpfe konnt!

Koishi Komeiji defeated

Koishi

#1@30Du bass sécher keng gewéinlech Persoun.

#1@38Yu (Du bass wierklech net, oder?)

Reimu

#1@46Ech hat der gesot, ech versiche nëmmen, ee normale Mënsch ze sinn.

Reimu

#1@54Op jidde Fall, firwat sichs de no de Götter?

Koishi

#1@62Ma, si wore fäheg, d'Schwëster séng Okuu richteg staark ze maachen, och wa hatt nëmmen ee Hällkueb ass, richteg?

Koishi

#1@70Iergendeen wéilt si fanne wëllen a staark ginn, wa si dat gehéiert hunn, richteg?

Suwako

#1@134Ben, ëlo, zwee Besicher haut? Exzellent!

Reimu

#1@142Do bass de. Wou ass den anere Gott vum Bierg higaang? Ech hu no hatt gesicht.

Suwako

#1@150Hatt ass jhust ërausgaang, fir azekaafen.

Koishi

#1@158Oh, bass du ee vu de Götter vum Bierg? Kann ech dech eppes froën?

Suwako

#1@166Reimu, wien ass dat?

Reimu

#1@174Hatt ass d'Koishi, vum Häll.

Suwako

#1@182Huh. Koishi, ee klenge Steen?... Ech hat geduecht, datt hatt ee Youkai wier. Bon, wat ass et?

(Koishi (小石) kann op Japanesch "klenge Steen" heeschen.)

Koishi

#1@190Mm. Ech hat gehofft, datt ech eppes vu de Götter fir méng Hausdéiere kréie kéint.

Suwako

#1@198...... Wat mengs de?

Reimu

#1@206Ah, jo, ëlo erënneren ech mech. Wat has de wëlles an der Ënnergrondwelt?

Suwako

#1@214Ënnergrond...? Schwätz de vun eisem Bierg-Industriell-Revolutioun-Projekt?

Reimu

#1@222Industriell-Revolutioun-Projekt??

Suwako

#1@230Mir hunn d'Kappa hir industriell Uriichtunge inspizéiert. Déi si relativ no hannen am Verglach mat der Äussewelt.

Suwako

#1@238D'Kanako hat gesot, datt wa si eng nei Energiequell giffe fannen, eng Revolutioun giff erschaff ginn.

Suwako

#1@246D'Kanako huet technologesch Revolutioune gäeren.

#1@254Yu (Also hues du de Yatagarasu ënnergrond geschéckt, fir Atomenergie ze besuergen?)

Suwako

#1@262Ech hat zu hatt gesot, "giff Nuklearkraaft net geféierlech fir d'Kappa sinn?", mee trotzdem...

Koishi

#1@270Sou? Wéi ass et gaang?

Reimu

#1@278Hey, dir Leit...

Reimu

#1@286Di nächste Kéier, zielt jiddereen iwwert dat, ier der ufänkt!

Reimu

#1@294Ech hat wéinst iech misse de ganze Wee bis zum Häll vu de Fonkelnde Feiere goën!

#1@302Yu (Hmm... Gutt Aarbecht, Reimu. Du hues wierklech gutt ofgeschnidden.)

#1@310Yu (Ech gesinn ëlo, wéi all dat geschitt ass. Du kanns heem goën a raschten, an di waarm Brunnen oder wat och ëmmer.)

Koishi

#1@318Sidd der fäerdeg mam Schwätzen?

Koishi

#1@326Ech wëll ee Gott mat der däischterer Kraaft vu Léift fir méng Hausdéiere fannen.

Reimu

#1@334Mengs de, datt iergendeen der dës Zort vu Kraaft giff ginn?