|
♪ Läschten Fernantrieb
|
|
Sanae Kochiya enters
|
Sanae
|
#2@30 Oh, bass de komm, fir de Schräin trotz dem kale Wieder ze besichen?
|
Sanae
|
#2@150 Hehe, ech hu geléiert, wéi een hei
d'Begréissunge mécht.
|
Sanae
|
#2@290 Du kanns dech net selwer a Gensokyo vum gesonde
Mënscheverstand agefaang gelooss ginn, oder?
|
|
Sanae Kochiya defeated
|
Reimu
|
#0@34 Hm, wou ass dës Idiote iwwerhaapt hinn?
|
|
#0@42 Yu (Ass et OK, Götter Idiote ze nennen?
Majo, ech denke schonn.)
|
Reimu
|
#0@50 Wa dat, wat dee Hällkueb gesot huet, stëmmt,
woren all d'Kämpf, di ech hätt misse bestoen, d'Kanako hir Schold.
|
Reimu
|
#0@58 Wëll hatt och nach den
Ënnergrond iwwerhuelen?
|
|
Koishi Komeiji enters
|
???
|
#0@66 Oh, wat fir eng gutt Zäit, fir
eng Schräinjongfer ze fannen.
|
???
|
#0@134 Weess du, wou de Gott vu dësem
Schräin higaang ass?
|
Reimu
|
#0@142 Wat?
Ech sichen och grad no hatt.
|
???
|
#0@150 Eh? Eng Schräinjongfer, di no hirem
Gott sicht? Dat ass komesch...
|
???
|
#0@158 Du misst hatt verstoppt hunn, oder?
|
Reimu
|
#0@166 Wien bass du?
|
|
<Boss title>
|
Koishi
|
#0@174 Ech sinn d'Koishi Komeiji,
ee bescheedene Schräinbesicher.
|
Koishi
|
#0@182 Ech si de ganze Wee vum Ënnergrond heihi komm,
mee ech ka net de Gott vum Schräin fannen...
|
Reimu
|
#0@190 Komeiji...?
Ech denken, datt ech dee Numm scho mol gehéiert hunn.
|
|
#0@198 Yu (Du hues ën am Palais vun de Äerdgeeschter gehéiert,
erënners de dech?)
|
Koishi
|
#0@206 Du weess vum Palais!?
|
Reimu
|
#0@214 Ech war do viru kuerzem.
|
Koishi
|
#0@222 Hey, bass du...
|
Koishi
|
#0@230 Dee Mënsch, vu deem méng
grouss Schwëster erzielt hat?
|
Reimu
|
#0@238 Ech hu kee gutt Gefill iwwert dat!
Eeschtlech.
|
Koishi
|
#0@246 Méng Schwëster ass relativ staark, mee si gouf vun
enger béiser, gedankenloser Schräinjongfra besiegt.
|
Reimu
|
#0@254 Hey, wann's de d'Satori séng Schwëster bass, heescht dat...
Du kanns...
|
Koishi
|
#0@262 Äer Gedanke liesen?
|
Koishi
|
#0@270 Ech hu scho mäi Satori-Aan zougemaach.
|
Koishi
|
#0@278 D'Gedanke vu de Leit ze liesen maache dech depressiv
an et kënnt näischt Guddes vu dat.
|
Reimu
|
#0@286 Oh, Gott sei Dank.
|
Reimu
|
#0@294 Ma, ech ka weder d'Kanako nach d'Suwako fannen, also
denken ech, datt ech wäert-
|
|
♪ D'Youkai-Meedche vu Hartmann
|
Koishi
|
#0@302 Hey, waart eng Minutt!
|
Koishi
|
#0@310 Ech konnt net d'Götter vum Bierg fannen, mee ech
hunn ee gudde Mënsch fonnt.
|
Koishi
|
#0@318 Ech hat no der staarker Persoun, di d'Okuu
d'Kraaft vu de Götter ginn huet, gesicht.
|
Koishi
|
#0@326 Mee, wann's de d'Okuu besiegt hues, da heescht dat,
datt's de nach méi staark bass!
|
Koishi
|
#0@334 Ech wëll definitiv d'Kraaft vu der Persoun gesinn,
di souguer méng Schwëster net kämpfe konnt!
|
|
Koishi Komeiji defeated
|
Koishi
|
#1@30 Du bass sécher keng gewéinlech Persoun.
|
|
#1@38 Yu (Du bass wierklech net, oder?)
|
Reimu
|
#1@46 Ech hat der gesot, ech versiche nëmmen, ee normale
Mënsch ze sinn.
|
Reimu
|
#1@54 Op jidde Fall, firwat sichs de no de Götter?
|
Koishi
|
#1@62 Ma, si wore fäheg, d'Schwëster séng Okuu richteg staark ze
maachen, och wa hatt nëmmen ee Hällkueb ass, richteg?
|
Koishi
|
#1@70 Iergendeen wéilt si fanne wëllen a staark ginn, wa
si dat gehéiert hunn, richteg?
|
Suwako
|
#1@134 Ben, ëlo, zwee Besicher haut? Exzellent!
|
Reimu
|
#1@142 Do bass de. Wou ass den anere Gott vum Bierg higaang?
Ech hu no hatt gesicht.
|
Suwako
|
#1@150 Hatt ass jhust ërausgaang, fir azekaafen.
|
Koishi
|
#1@158 Oh, bass du ee vu de Götter vum Bierg?
Kann ech dech eppes froën?
|
Suwako
|
#1@166 Reimu, wien ass dat?
|
Reimu
|
#1@174 Hatt ass d'Koishi, vum Häll.
|
Suwako
|
#1@182 Huh. Koishi, ee klenge Steen?... Ech hat geduecht,
datt hatt ee Youkai wier. Bon, wat ass et? (Koishi (小石) kann op Japanesch "klenge Steen" heeschen.)
|
Koishi
|
#1@190 Mm. Ech hat gehofft, datt ech eppes vu de Götter fir méng
Hausdéiere kréie kéint.
|
Suwako
|
#1@198 ......
Wat mengs de?
|
Reimu
|
#1@206 Ah, jo, ëlo erënneren ech mech.
Wat has de wëlles an der Ënnergrondwelt?
|
Suwako
|
#1@214 Ënnergrond...?
Schwätz de vun eisem Bierg-Industriell-Revolutioun-Projekt?
|
Reimu
|
#1@222 Industriell-Revolutioun-Projekt??
|
Suwako
|
#1@230 Mir hunn d'Kappa hir industriell Uriichtunge inspizéiert.
Déi si relativ no hannen am Verglach mat der Äussewelt.
|
Suwako
|
#1@238 D'Kanako hat gesot, datt wa si eng nei Energiequell giffe fannen, eng Revolutioun giff erschaff ginn.
|
Suwako
|
#1@246 D'Kanako huet technologesch Revolutioune gäeren.
|
|
#1@254 Yu (Also hues du de Yatagarasu ënnergrond geschéckt,
fir Atomenergie ze besuergen?)
|
Suwako
|
#1@262 Ech hat zu hatt gesot, "giff Nuklearkraaft net
geféierlech fir d'Kappa sinn?", mee trotzdem...
|
Koishi
|
#1@270 Sou?
Wéi ass et gaang?
|
Reimu
|
#1@278 Hey, dir Leit...
|
Reimu
|
#1@286 Di nächste Kéier, zielt jiddereen iwwert dat,
ier der ufänkt!
|
Reimu
|
#1@294 Ech hat wéinst iech misse de ganze Wee bis zum Häll vu de
Fonkelnde Feiere goën!
|
|
#1@302 Yu (Hmm... Gutt Aarbecht, Reimu.
Du hues wierklech gutt ofgeschnidden.)
|
|
#1@310 Yu (Ech gesinn ëlo, wéi all dat geschitt ass. Du kanns heem
goën a raschten, an di waarm Brunnen oder wat och ëmmer.)
|
Koishi
|
#1@318 Sidd der fäerdeg mam Schwätzen?
|
Koishi
|
#1@326 Ech wëll ee Gott mat der däischterer Kraaft vu Léift
fir méng Hausdéiere fannen.
|
Reimu
|
#1@334 Mengs de, datt iergendeen der dës Zort
vu Kraaft giff ginn?
|